Zweschen Neon-Luuchten an Zigsengestank
Si ma opgewuess, eng Kandheet ouni Léift, ouni Fun
D'Zäiten waren schlecht, mais dat checkt een net als Kand
Réicht mei spéit hu ma gemiekt, dass et net duer geet fir d'Mamm
An der Jugend war et net besser
Falschen Ëmgang, et ass Mëttel zum Zweck an opeemol tickt een Packs
Raus aus dem Dreck war dat eenzecht wat ma wollten
Awer Saachen si geschitt déi net sollten
Haut sin ma zu Esch an deelen Kebab zu 3
Häerz voller Narben, mais de Wëllen dee bleift fräi

Nueten laang dobaussen op der Flucht virum Sheitan
Wat ma mei Schued hun, wat ma mei maan
Nueten laang dobaussen op der Säit vum Sheitan, wessen net wat mei maan

Verschidden Leit dei ma gäer hun dei si gestuewen
Verschidden Leit hu ma eegenhänneg begruewen
Nueten laang rem kee Schlof, ech hu wéi
Awer d'Zäit bleiwt net stoen, 100 Froen zweschen "Firwat?" an "Wei?"
Wannste wéisst wat hei ofgeet, géiffste dech net froen firwat dass et hei sou ofleeft
Wann ech wéisst wat an ma ofgeet, géiff ech net no Äntwerten sichen, wat wuel Gott seet?
Mär kommen vun eidel Täschen an Honger
Hu vu kleng un geléiert "Hueste 10, ziil op 100"
Lang genuch gespillt, mais t'ass riwwer
Lord please forgive me, I'm a sinner