An mäin Häerz voll Narben, ech hu mech verlaf
Halen mäi Kapp héich, perché sono il figlio di Papà
Mär schleefe Péng mat eis, mär hunn eis verlaf
Brudder hal däi Kapp héich, perché siamo sempre figli di Papà
Da dove vengo: la famiglia soprattutto
Well deen ee wei och den aneren ass Blutt bro
Zweschen Suen, Leed, Péng oder Freed, mär deelen alles an et ass gutt sou
Meng kleng Bridder kucken rop zu mär, ech däerf si net enttäuschen awer bitte sicht kee Gott a mär
Vill ze laang war ech verschwonnen, Papp ech hoffen du verzeis ma, owes spéit, ouni Schlof dréinen ech meng Ronnen
Ech sinn eng Schuel vun engem Mann, dee probéiert fort ze lafen virum Schued wei e Kand
Ech sinn eng Schuel vun engem Kand, dat probéiert haart ze wierken an der Lued vun engem Mann
Gläichzäiteg sinn ech deen, dee menge klenge Bridder hiren Kapp stëtzt, wärend deems et mech ënnerlech opfrësst an ech ma all Daach d'Fro stellen
Sinn ech deen, deen op der Plaz vu mengem Papp setzt?
Sinn ech deen, deen op der Plaz vu mengem Papp setzt?
So ma, sinn ech deen, deen op der Plaz vu mengem Papp setzt?
An mäin Häerz voll Narben, ech hu mech verlaf
Halen mäi Kapp héich, perché sono il figlio di Papà
Mär schleefe Péng mat eis, mär hunn eis verlaf
Brudder hal däi Kapp héich, perché siamo sempre figli di Papà
Ech hu Gott em Hëllef gefrot mais ech koum u keen
Wann ech kéint, géing ech d'Zäit rëm zeréck dréinen, d'Péng vun eis fort huelen oder mat där fort fléien
Ech schwieren ech probéieren mäi Bescht, mais hunn d'Gefill ech ginn no hanne rëm mat naicht an der Täsch
Sou vill Haass an der Broscht, mär maache weider wat ma kennen, hunn eis Séil net getosch
1811, mär sinn ouni Doheem
Vagabond ënnerwee, eis kenne mécht keen
Ech probéieren mech selwer net ze verléieren, an deene Kämpf, déi ech mat ma selwer féieren
Awer gläichzäiteg sinn ech deen, dee menge klenge Bridder hiren Kapp stëtzt, wärend deem et mech ënnerlech opfrësst an ech ma all Daach d'Fro stellen