LyricFind Logo
LyricFind Logo
Profile image icon
Lyric cover art

Nervesystem (feat. Skibi, Mike Koster & Giamba)

Apple Music logo
Deezer logo
Spotify logo
Lyrics
Wat si mir? Jo ween zum Däiwel
Hu schwaarz Longen net duerch Waasserpäifen
Puer Schwaach Jongen déi ze haart hei jäizen
Kee vun eis kann ënner Waasser päifen
D' Schoulpoche mat Atlas dran
Gouf schnell zur Sacoche mat Buds mäi mann
Du kanns och wat däi Patron kann
Mee serveiers schietteg wei beau garcon Kand
Schick schick an eisem Distrikt
Maachen et diskret, Decken mir si di skreenst
Also suce eis Bit a gudden Appetit
Ouech Crème de la Crème dass villes ze cremeg
Ganz vill Jogger d Leit gi leefeg
Mee villes falsch, wat kéint et heelen de Keefeg
Ass meng oofgefuckte Heemescht
Heiansdo kennt se heemlech
Wann ech se douce kommen heemelen
Haalt de Kapp ënner Waasser
A päift alleguerte haart mat
Relaxéieren eisen Nervesystem
Nëmmen well en eis nervt de System
Relaxéieren eisen Nervesystem
Nëmmen well en eis nervt de System
Sprange, schnapen nom gëllenen Ticket
Nëmmen well eis nervt de System
Bis an d Alstad laanscht de Piquet
Relaxéieren eisen Nervesystem
Puer leit sinn um kraulen, puer schwamme Brass
Ech sinn ënnergetaucht bei dem Mike sei Bass
Mei Kierper een Tempel och hei am Waasserpalast
Paafen ma nach ass wei een Aqua Unplugged
Gei net ënner an et gëtt net ënner Waasser gekrasch
Ou wat ass hei lass? Loosse lafe mam Floss
Sinn zu dräi oder véier, hei gëtt haartgenoss
Mat mengen Aartgenossen: Weist ear Flossen
Keen ass dresche fancy Fësch robben mat Brossen
Jojojo a lo entspaanen ma eis mol
An da maache ma alleguerten de schwangere Fësch
Anootme Jessica
Relaxéieren eis dass eng Ennerwaasser Retreat
Mir diven sou deep bis ma mengen ze fléien
Ootmung gëtt weak… an dësem Gewässer soll een net playen
Zréck un der Iwwerfläch looss eis weider relaxéieren
Relaxéieren eisen Nervesystem
Nëmmen well en eis nervt de System
Relaxéieren eisen Nervesystem
Nëmmen well en eis nervt de System
Sprange, schnapen nom gëllenen Ticket
Nëmmen well eis nervt de System
Bis an d Alstad laanscht de Piquet
Relaxéieren eisen Nervesystem

WRITERS

Max Feyder

PUBLISHERS

Lyrics © O/B/O DistroKid

Share icon and text

Share


See A Problem With Something?

Lyrics

Other

LyricIQ Analysis

Top Emotion

Enjoyment

Sentiment
Thumbsup IconThumbsdown Icon
Theme

Political