Bis mech kee mee hei gesäit
Bis ech vergiessen et bréngt näischt
Maach net näischt nee bleif net stoen
Alles geet ou mee bleift net do
Et ass enttäuschend bass de prett
Ey mäi Laf ass net perfekt
Wann's de et kanns looss da näischt soen
Laf fräi se ziele Schäiss a wëssen net firwat se sto'n
Sou kann dech keen sou einfach hannergo'n
Ech lafe weit bis ech mengen ech sinn do
Net ze schnell a net ze lues
Stell kengem ee Fouss vir schäiss Geld oder och Muecht
Laf am Dag a mir egal laf an der Nuecht
Laf duerch Groussstied oder och mol duerch däin Duerf
Laf aleng wann et dech fille léisst mei wuel
Gutt Kolleege géifen dech huele
Häss de Krämpchen an der Wued
Mee has hoffentlech däi Spaass
Näischt geroden näischt gerued
Alles fort mee neicht verluer
A kräischs net lo iwwert de Pech
Mee genéiss dem Laf säi Sonnestral
Bis mech kee mee hei gesäit
Bis ech vergiessen et bréngt näischt
Bis de mech hellst an den Aarm
Well ech mech froe ginn ech al
Ech lafe fräi sou gutt et geet
Ech lafe fräi sou gutt et geet
Do ass däi Jogging am Gym ee Witz
Dat eent Liewe geet ma duer
Mir egal wat nom Doud geschitt
Leefs de fräi bis de deng Fräiheete begräifs?
Sou war et dach vun Ufank un
Firwat doe ma eis déi Ketten un
Rappen dru bis ma Kappwéi hunn
Fräilaf kréie bevir de Fraifall kennt
Fack ech hunn dee Schäiss verpasst
Ech lafe fräi och wann et däischter ass
Och wann een ass am näischt
Och wann dat scho laang alles ass
Ass alles besser ze erdroen
Stell dir net souvill Froen